Alzheimer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezin-Artikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mee ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter ! Besonnesch d'Éischt Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesaat ginn ! |
D'Alzheimer-Krankheet (Morbus Alzheimer) ass eng Demenz-Krankheet (lat. demens, "duercherneen") vum Gehir, déi sech virun entwéckelt an déi haaptsächlech am Alter optrëtt. Si ass gekennzeechent duerch d'Ofhuelen vum Gediechness an der Gehirtätegkeet. Dës Krankheet fänkt un matt enger zouhuelender Vergiesslechkeet, déi am Ufank zoufälleg schengt, mee déi weider zouhëlt an zum Verloscht vum Verstand féiert. Virum Alter vun 65 geet vun enger präseniler Demenz (PDAT) Rieds, no dem 65. Liewensjoer vun seniler Demenz vum Alzheimer Typ (SDAT).
1906 huet den Dokter Alois Alzheimer un der Patientin Auguste Deter fir t'éischt dës Krankheet diagnostizéiert an nogewisen datt se physiologesch a net psychologesch bedéngt ass. Ongeféier zur gläicher Zäit huet den Dokter Oskar Fischer , deen un der psychiatreschen Klinik zu Prag praktizéiert huet, dës Krankheet beschriwwen. Den Numm Alzheimer-Krankheet huet den Emil Kraepelin a sengem Lehrbuch der Psychiatrie (1911) hir ginn.
Et kënnt zur Degeneratioun vu bestëmmten Neuronen an doduerch zu enger Stéierung vun den normalen zerebralen Funktiounen, wat bei Patienten zu Stéierungen vun der Sprooch, vum Denkprozess a vum Gediechtness féiert. D'Gehirmass hëlt am Verlaf vun der Krankheet of; dat heescht ët kënnt zu enger Atrophie vum Gehir.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Symptomen
[Änneren] Therapie
[Änneren] D'sozial Konsequenzen
[Änneren] D'lëtzebuergesch Alzheimer Vereenegung
[Änneren] D'Foyer de jouren fir Alzheimerkranker zu Lëtzebuerg
[Änneren] Literatur
- Anne Eckert: Alois Alzheimer und die Alzheimer Krankheit. An: Pharmazie in unserer Zeit 31(4), S. 356 - 360 (2002), Template:ISSN
- Jochen Gust: Atlas der Demenz. Demenzerkrankungen von Aachen bis Zwickau. BoD Norderstedt, ISBN 3833425334
- Konrad und Ulrike Mauer: Alzheimer. Das Leben eines Arztes und die Karriere einer Krankheit. Piper Verlag, München, ISBN 3492232205
- Martin Suter: Small World. Diogenes Verlag, Zürich 1997, ISBN 3257230885. Roman, deen de Verlaf vun der Krankheet dokumentéiert