Ambrosia
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Plat an der Salef Ambrosia vun de griichesche Gëtter. Fir aner Bedeitunge vum Wuert, kuckt w.e.g. Ambrosia (Homonymie) |
Ambrosia (Aμβροσία, gr. Onstierflechkeet) ass an der griichescher Mythologie de Plat vun den olympesche Gëtter, deen hinnen zesumme mam Nektar d'Onstierflechkeet ginn huet, an och d'Fudder fir hir Päerd. Der Legend no hunn Dauwen dem Zeus den Ambrosia bruecht, awer och déi déi vun de Gëtter ënner de Mënschen ausgesicht gi sinn hu vun hinnen Ambrosia kritt, sou z.B. den Tantalos, den Aeneas an den Achilleus. Als Salef, séisse Balsam oder Gedrénks, huet en d'Schéinheet vum Kierper vergréissert oder een (am Fall vum Doud) virum Verfaule geschützt.
Ambrosia heescht awer och d'Nahrung vu Beiekinniginnen, woubäi et sech em eng Mëschung aus Pollen an Hunneg handelt.