Carlo Hommel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Carlo Hommel (* 24. September 1953, † 8. Mäerz 2006) war e Lëtzebuerger Organist.
Hien huet ufanks bei sengem Papp geléiert Uergel spillen a gouf mat 12 Joer Organist a sengem Heemechtsduerf Biissen. No der Première huet hien um Conservatoire zu Léck beim Prof. Hubert Schoonbroodt studéiert. E krut eng Assistenteplaz an de Conservatoiren Léck a Bréissel. Donieft war hien Organist an der Parkierch zu Ettelbréck (1975-1987) an an der Abtei zu Klierf (1979-1987).
1987 gouf hien opgrond vun engem Concours Nofolger vum Albert Leblanc, d.h. Titularorganist an der Kathedral vu Lëtzebuerg. Hie war Grënnungsmember vum Veräin Amis de l'Orgue, Luxembourg, Member vum Institut Grand-Ducal, an Dirigent vum Madrigal de Luxembourg, vum Ensemble "Misericordias" a vun der "Schola Willibrordiana". Iwwer 60 Uergele sinn ënnert senger Leedung gebaut resp. restauréiert ginn.
De Carlo Hommel hat eng besonnesch Léift zum Gregorianesche Choral, deen e souwuel bei Concerte wéi och an de Masse gefleegt huet. En huet un enger ganzer Rei vu Radios- an CD-Opnahme matgewierkt.
Um Owend vum 8. Mäerz 2006 ass de Carlo Hommel ganz onerwaart am Alter vun 52 Joer un de Folge vun enger net erkannter Meningite gestuerwen.