Constant
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Constant Anton Nieuwenhuis, besser bekannt ënnert sengem Pseudonym Constant, gebuer den 21. Juli 1920 zu Amsterdam , gestuerwen den 1. August 2005 zu Utrecht, war en hollänneschen Kënschtler. Hie war ee vun de Matbegrënner vun der Grupp Cobra.
De Nieuwenhuis, deen ënnert sengem Virnumm Constant sollt bekannt sinn, huet am Ufank gemoolt, mee geschwënn, ënnert dem Afloss vum Juán Miró, sech och mat anere kënschtlerechen Ausdrocksweise befaasst.
1948 huet hien, zesumme mam Corneille a mam Karel Appel, den Nederlandse Experimenteele Groep gegrënnt, an am selwechte Joer d'Grupp CoBrA, en Akronym, deen sech aus den Ufanksbuchstawe vun den Nimm vun de Stied Copenhagen, Bréissel an Amsterdam zesummesëtzt. Matbegrënner waren de Christian Dotremont an de Joseph Noiret, den "haarde Käer" vum Centre surréaliste révolutionnaire belge, den Dän Asger Jorn, souwéi och den Appel an de Corneille.
Cobra hat eng Rëtsch Austellungen zu Kopenhagen, zu Bréissel, zu Amsterdam an zu Léck. Geschwë kënnt et zu Reiwereien an der Grupp (kënschtlerech Meenungsverschiddenheeten, mee och 'Fraleitsgeschichten'), déi de Constant 1950 verléisst an sech zu Paräis nidderléisst. Do lieft en an zimlech aarme Verhältnisser, a säi Wierk gëtt ëmmer méi vum Krich dominéiert. 1956 organiséiert en zu Alba, an Italien, e Kongress mam Titel Unitären Urbanismus. An Italien entwéckelt en och d'Konzept vun New Babylon, eng Zort labyrtinthesch Stad, a konstanter Bewegung a Verännerung, un deem e bis 1969 schafft. Maquetten dozou huet hien ë.a. op der Documenta 2002 zu Kassel gewisen.
A senger leschter kënschtlerecher Period huet de Constant sech nees méi der Molerei zougewandt.
Hien ass den 1. August 2005 gestuerwen.