Friddensnobelpräis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Friddensnobelpräis ass ee vun de fënnef Präisser déi nom testamentaresche Wëlle vum schwedeschen Industriellen an Erfinder Alfred Nobel verdeelt ginn. De Präis gëtt zënter 1901 all Joers den 10. Dezember - um Doudesdag vum Nobel - zu Oslo vum norwegeschen Nobelinstitut (Det Norske Nobelinstitut) verginn. Déi aner Nobelpräisser ginn dogéint vun der schwedescher Nobelstëftung zu Stockholm verdeelt. Norwegen a Schweden waren zur Zäit wou den Alfred Nobel gestuerwen ass an enger politescher Unioun. Schweden alleng huet d'Aussepolitik vun den zwee Länner bestëmmt. Den Nobel huet dofir gemengt, datt d'Gefor fir politesch Korruptioun manner grouss wier wann Norwegen responsabel fir de Friddenspräis wier.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Konditiounen
Den Alfred Nobel huet dräi Konditioune fir d'Auszeechnung festgeluecht, woubäi op d'mannst eng vum Präisdréier erfëllt gi muss:
- Reduktioun vun den Arméien a Waffenarsenaler
- Organiséiere vu Friddenskongresser
- Engagement fir e bessert Versteesdemech tëscht de Vëlker
Déi zwou éischt Konditioune si relativ kloer. D^éi drëtt ass dogéint méi vague formuléiert a kann doduerch och méi flexibel interpretéiert ginn. Dat erméiglecht et zum Beispill och Verdéngschter ëm d'Mënscherechter (zënter 1960) oder den Ëmweltschutz (2004) ze honoréieren.
Anescht wéi di aner Nobelpräisser kann de Friddensnobelpräis och nieft Persounen un Organisatioune vergi ginn.
[Änneren] Nominatioun
Den norwegeschen Nobelpräis Comité ass zoustänneg fir d'Nominatioun vun de Lauréaten. En huet fënnef Memberen déi vum norwegesche Parlament fir eng Period vu sechs Joer désignéiert ginn. Wéi dacks ee ka gewielt ginn ass net festgeluegt. Den Direkter vum Nobelinstitut gëtt automatesch Sekretär, de President gëtt vum Comité selwer gewielt. Den Nobelpräis Comité ass en onofhängegt Gremium a muss sech a sengen Decisioune weder justifiéieren nach dës kommentéieren.
Nominatioune kënnen nieft de Membere vum Comité an den fréiere Präisdréier och vun all Member vun enger Regierung oder dem Internationale Geriichtshaff zu Den Haag agereecht ginn. Professeren aus de Fachberäicher vun de Sozialwëssenschaften an de Kultur an Humanwëssenschaften kënne geneesougutt Virschléi maachen.