Greenpeace
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Greenpeace /ˈgriːnpiːs/ ass eng international, gemengnëtzeg Ëmweltschutzorganisatioun, déi den 15. September 1971 zu Vancouver, Kanada als Noofolgerorganisatioun vum Don't Make A Wave Committee gegrënnt gouf.
D'Organisatioun ass u sech géint d'Atomtester vun den USA an Alaska op d'Bee gestallt ginn. Am Verglach mat villen aneren Ëmweltschutzorganisatiounen ass Greenpeace éischter handlungsorientéiert.
Greenpeace-Aktivisten beschränke sech net drop, just Pétitiounen anzereechen, mee ginn dacks direkt op d'Plaz selwer wou eppes geschitt a probéieren mat gewaltfräien Aktiounen, anzegräifen. D'Aktiounen déngen dacks der Duerchsetzung vum Vëlkerrecht, woubäi a munneche Fäll och déi national Rechtsuerdnung iwerschratt gëtt. D'Greenpeace-Aktivisten sinn op spektakulär Aktiounen an der Ëffentlëchkeet spezialiséiert (Besetzung vu Kamäiner, Uelegtanker-Observatiounen an Schlauchbooter asw.), awer net ouni d'Hannergrënn an deelweis opwännegen Étuden (déi se dacks selwer commissionnéiert hunn) ze ënnersichen.
Et gëtt National Greenpeace-Veräiner an villen Länner. Zu Lëtzebuerg huet Greenpeace hire Sëtz zu Esch-Uelzecht.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Struktur
[Änneren] Finanzen
Greenpeace huet no eegenen Aussoen ca. 2,83 Millioune Memberen. D'Spendenopkommen pro Joer bedréit laut eegenen Angaben ca. 37 Milliounen Euro. Greenpeace beschäftegt zu Lëtzebuerg eng Dose Leit, weltwäit sinn et der 1.361.
Déi meeschte Spenden kritt Greenpeace vu private Memberen, awer och vu prominente Persounen wéi dem Medienentrepreneur Ted Turner. Greenpeace hëlt keng Spende vun Entreprisen oder Regierungen un, fir vun hinnen onofhängeg ze bleiwen.
[Änneren] Eegeninitiativen
Am Joer 1993 huet Greenpeace an Zesummenaarbecht mam Hiersteller Foron deen éischten Äisschaf op de Maart bruecht, deen ouni Fluorchlorkuelenwaasserstoffer (FCKW) oder Fluorkuelewaasserstoffer (FKW) als Killmëttel auskoum. Et ass virdrun ëmmer behaapt gin, en Ersatz fir des Stoffer wär zu gënschtegen Präisser net méiglech.
Greenpeace huet schonns 1996 en Auto virgestallt, dee bei 90 km/h op däitlech ënner dräi Liter Bensinnverbrauch kënnt. Mat engem Kredit vu Greenpeace huet déi schwäizer Firma Wenko e serienméissege Renault Twingo mat Bensinsmotor esou ëmgebaut, den Twingo Smile, an huet domadder d'Argumenter widderluecht, en Dräi-Liter-Auto wier nëmmen als Diesel an dann technesch opwänneg mat Aluminium-Karosserie ze bauen.
Greenpeace huet 1999 d’Société Cooperative Greenpeace Energy gegrënnt, déi mëttlerweil ca. 11.000 Memberen huet. Greenpeace Energy verkeeft Stroum aus erneierbaren Energiequellen un ongeféier 50.000 Clienten. D'Form vun der Sociétéit mécht Greenpeace Energy onofhängeg vu Banken.
[Änneren] Kritik
Greenpeace gëtt virun allem vu basisdemokratesch organiséierten Ëmweltschützer reprochéiert, intern eng staark hierarchesch Struktur ze hunn. Dëst huet 1982 zu engem Ofsplécke vun e puer éirenamtlechen Aktivisten gefouert, an zur Grënnung vun Robin Wood. Besonnesch vun de Géigner ginn d’Methoden an Aktiounen kritiséiert.
Zu Lëtzebuerg huet Greenpeace de 25. Oktober 2002 all 28 Bensinnsstatioune vun der Firma Exxon Mobile e ganzen Dag laang blockéiert, wat zu enger Plainte op Schuedenersaz gefouert huet. D'endgültegt Uerteel steet nach aus. An der Chamber ass doropshin e Gesetzprojet discutéiert ginn, deen de Justizminister Luc Frieden virgeluegt hat, an deen esou Aktiounen sollt ënner Strof stellen. Dëse Gesetzprojet mam Titel Projet de loi 5076, garantissant l'usage paisible du droit de propriété et la liberté de mouvement et portant introduction d'un nouvel article 442-1 au code pénal krut séier de Bäinumm Lex Greenpeace. En ass dunn awer, net zulescht wéinst staarke Protester, zeréckgezu ginn, well en d'Streikrecht zevill aschränke géif.