Kënzeg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Clemency de: Küntzig |
|||
Gemeng | Kënzeg | |||
Buergermeeschter | Daniel Hautus (?) | |||
Kanton | Kapellen | |||
Awunner | ||||
Fläch | ha | |||
Awunner (Gemeng) | 2.170 | |||
Fläch (Gemeng) | 1453 ha | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Kënzeg, fir d'Awunner Kéinzig, ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an den Haaptuert vun der Gemeng mat deemselwëchte Numm.
D'Gemeng ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen.
[Änneren] Uertschaften an der Gemeng
- Kënzeg
- Féngeg, (de: Fingig)
[Änneren] Geographie
Kënzeg läit op der belscher Grenz no bei de Quelle vun der Äisch, an op der Waaserscheed vum Anzochsgebitt vun der Meuse an dem Rhäin.
Säin héchste Punkt ass um Flouer vu Féngeg um Kues, op enger Héicht vun 395 m. NN.
Kënzeg huet ee ländleche Charakter an et fënnt een nach 14 Bauerebetriber an der Gemeng mat 1.017 ha Akerfläch, dovun 565 ha Wisen a Perchen. 26.5% vun der Gemengefläch si Bëscher.
[Änneren] Noopeschgemengen
- Am Norden : Stengefort
- Am Osten: Garnech
- Am Süden: Käerjeng
- Am Westen an der Belsch: Éibeng an Miezeg.
[Änneren] Geschicht
Di éischt Spur vun Awunner zu Kënzeg ass an den 1990er Joeren entdeckt ginn, wéi eng aristokratesch Grafkummer aus der Zäit vun de Gallier fonnt gin ass an déi op 200 v. Chr. konnt datéiert ginn.
[Änneren] Wopen
Kënzeg huet säi Wopen duerch een Arrêté ministériel vum 19. October 1982 kritt.
En ass zesummegesat aus dem ale Wopen vun den Häre vu Kënzeg (Faarf vum Feld, d'Baarwen an d'Kräizer), an deem vun der Vogtei Lëtzebuerg (déi dräi Tierm).
Beschreiwung vum Wopen:
Um sëlwere Feld, zwéi Baarwen déi sech de Réck dréinen, mat véier klenge roude Kräizer mat gespëtztem Fouss, de Kapp vum Feld blo, mat enger sëlwer Paart mat dräi Tierm.
[Änneren] Jumelagen
Kënzeg ass jumeléiert mat Gaflenz an Ueweréisträich am Distrikt Steyr-Land
[Änneren] Gemengesyndikater
D'Gemeng Kënzeg ass Member a folgende Sydikater: SES, SIDOR, SICEC, SIGI, SYVICOL, SICONA Ouest, Minett-Kompost, SIDERO.
[Änneren] Veräinsliewen
- De Fräizäit-Sport Kéinzeg ass eng Associatioun an der Gemeng Kënzeg. Si organiséiert sportlech Aktivitéiten am net-compétitive Beräich (Fräizäit-Sport). De Veräin gouf den 1. Dezember 1981 gegrënnt.
Dës Aktivitéite ginn ugebueden: Footing, Cyclotourissem, Fitness, Seniore-Gym. - Päerds an Traktersfrënn - Kéinzig
[Änneren] Kuckenswäertes
- Déi Wëll Lann, ee vun den eelsten a déckste Beem zu Lëtzebuerg.
- D' Maximäin-Kapell (Kënzeg) nieft der Lann.
[Änneren] Literatur
- Schroeder, Michael: Wachsmuot von Künzich (Kunzech) : ein Luxemburger Minnesänger - In: Annuaire : vol. II des actes du XXIe congrès international des sciences généalogique et héraldique de Luxembourg (1994) / Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique = Jahrbuch / Luxemburger Gesellschaft für Genealogie und Heraldik. - 1995, p. 59-72, ill.
[Änneren] Kuckt och
- Wëll Lann vu Kënzeg
- Kierch Kënzeg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Wachsmuot vu Kënzeg
[Änneren] Um Spaweck
Dippech | Garnech | Habscht | Käerch | Kënzeg | Kielen | Koplescht | Mamer | Nidderkäerjeng | Simmer | Stengefort