Querflütt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Querflütt | |
---|---|
engl.: flute, ital.: flauto | |
Klassifikatioun | |
Aerophon | |
Holzblosinstrument | |
Tounëmfang | |
Ähnlech Instrumenter | |
Piccoloflütt | |
Klangbeispill | |
[[Media:{{{1}}}|{{{2}}}]] ? / [[:Image:{{{1}}}|Lizenz]] |
D' Querflütt ass e Museksinstrument aus der Famill vun den Aerophonen, méi genee en Holzblosinstrument.
D' Querflütt besteet hautesdaags meeschtens aus Metall, war awer ursprénglech aus Holz. Den Numm kennt dohir datt se quiesch zum Mond gehaal an ugeblose gett. Am Géigesaz zur Blockflütt gett et kee Kanal duerch deen d'Loft op eng Kant gefouert gëtt, mee de Spiller bléist direkt op eng Kant vum Ubloslach, do gëtt de Loftstroum da gebrach a generéiert den Toun. D'Tounhéicht hänkt vun der Zuel an der Kombinatioun vun den Grefflächer déi mat de Fanger vum Spiller zougehal ginn an och vun der Intensitéit vum Loftstroum of.
Nieft der Querflütt gëtt et nach eng Piccoloflütt, déi nemmen hallef esou grouss ass an eng Oktav méi héich kléngt. Hei sinn esouwuel hëlze wéi metallen Ausféierungen ze fannen.