Schifergrouwen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Schifergrouf ass eng Carrière, an deeër Schiferleeën ofgebaut ginn.
Schifergrouwen goufen et an den Ardennen, an der Belsch zu Marteleng, an zu Lëtzebuerg zu Rombech, zu Aasselbur, an zu Uewermarteleng, fir nëmmen dës dräi Siten erauszegräifen.
Déi Marteler Grouwen waren déi bekannst a goufe fir d'lescht zougemeet, an de siwenzeger Joren, nodeem si laang de schwieregen Ëmstänn vun der Leeëproduktioun getrotzt haten. D'Schifergrouwen hunn am 19. an am 20. Joerhonnert Leeë produzéiert. Mee si waren hei duerch déi héich Exploitatiounskäschten an och duerch d'Schwieregkeeten an der Beschafung vun Aarbechtskräfte staark handikapéiert.
Lëtzebuerg huet ëmmer Leeë souwuel importéiert wéi exportéiert. Haut erënnert nach e Musée zu Uewermarteleng un dës historesch Aktivitéit.
Kuckt och den Artikel Leeëgrouwen zu Lëtzebuergd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].