Skylla
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Skylla war e Mieresongeheier, Duechter vun der Krataiis a wahrscheinlech vum Phorkys, obwuel d'Iwwerliwwerungen och aner Eltere nennen (z.B. d'Styx als Mamm).
De Seechen no wunnt si géintiwwer der Charybdis an enger Hiel an der Strooss vu Messina. Si huet all Wiese gefriess wat hier an d'Gräpp gefall ass, sou och e puer vun dem Odysseus senge Gesellen an deem Ament wou dee mat séngem Schëff sollt tëscht Skylla a Charybdis passéieren. Och d'Argonauten hate mat hir ze dinn. Déi Kreesch déi si dobäi ausgestouss huet hu sech unhéiere wéi d'Bille vun engem Hond.
Sprëchwiertlech mengt "tëscht Skylla a Charybdis" datt een an enger Situatioun ass, aus däer et sou gutt wéi keen Auswee gëtt.