Borazin a Stéckstoff-Boran
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
[Änneren] Allgemeng Informatiounen
Dës Famill vu Moleküle ginn och nach Amine-Borane genannt.
Fir dës Moleküle si B an N Atome wichteg. Verschidde Chemiker vergläichen Amine-Boran dacks mat der C-C, allerdéngs sinn Iwwerschneidungen net all ze grouss.
Wéi den Numm et seet sinn et Molekülen déi aus 2 anere Molekülen zesummegesat sinn iwwer eng Dativ-Bindung. Well Bor eng Elektronendefizit huet a Steckstoff ee Doublet huet, kennt et sou enger staarker Bindung déi dacks R3N->BR3 duergestallt geet(Sidgwick: The Elektronic Theory Valence,Oxford, Clarendon Press, 1927). Mee R3N+-B-R3 ass och net falsch (Lowery: Trans. Faraday Soc. 18, 285, 1923).
Stäerkt vun dëser Bindung hänkt natierlech vun de R-Groupen of. Ee Groupe deen dem Steckstoff et erméiglecht méi Elektronendicht un de Bor ofginn verstäerkt Bindung. Daat selweregt gëllt wann dem Bor seng Groupë méi un dem Boratom zitt, zB R= Cl, F, Br, CF3,...Dëst huet dann och Auswierkungen op déi physikalesch Eegeschafte vun de Molekülen.
[Änneren] Hirstellung
A)Op Basis vun LiBH4 an Alkylammonium Chloride (Nöth,H an H.Beyer: Chem. Ber. 93, 928, 1960)
Leissungsmëttel: frech distilleierten Eeter mat Alkylammonium chloride dran an do drop léist een dann lues a lues Lithium Hydratborate Léisung drëpsen. Bei der Reaktioun entsteet H2 also muss een oppassen. Nach filtréieren an de Recht Ether ënner Vakuum verdonsten. Dës Methode geet relativ gutt a brauch een net weider ze purifieieren, falls dach kann een et rekristalliséieren oder distilléieren ënner Vakuum.
B)Op Basis vu LiAlH4 an Trialkylboroxines (Hawthorne,M.F.: JACS. 83, 831, 1961)
Als éischt eng Léisung vu LiAlH4 an drechnen Eeter preparéien. Dann Trimethlyamine dobéi man an déi sëlwegt Quantitéit (mol) vu Trialkylboroxine lues a lues drenner mëschen. Purifikation erfollegt duerch Recristallisation oder Distillation.
C)Op Basis vun Pyridine-Phenylboranes (Hawthorne,M.F.: JACS. 80, 4293, 1958)
Als éischt eng Léisung vu LiAlH4 an drechnen Eeter preparéien. Dës Léisung gëtt op -78 Grad Celius gekillt ihr mir Pyridine(drëschnen) dobeigeschoot. Dodrop gëtt eng Phenylborane/ether solution drëpsen gelooss, an durno get daat ganzt rëm Raumtemperatur komme geloss.