Chrëschtlech Theologie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Theologie ewéi se vun de chrëschtleche Kierche geléiert gëtt versteht sech nom ëmmer nach aktuellen an villzitéierten Saatz vum Anselm vun Canterbury (1033-1109) als fides quaerens intellectum (Glawen den no Verstoen sicht), d.h. si versicht op eng systematesch-wëssenschaftlech Art a Weis de Glawen ze hannerfroen, ze ënnesichen an ze formuléieren. Si ëmfaasst folgend Deelwëssenschaften:
[Änneren] Positiv Disziplinnen
- D'Exeges (Bibelwëssenschaft) ënnersicht wéi déi verschidden Texter aus der Bibel zustanekoumen.
- D'Kierchegeschicht retracéiert d'Geschicht vun der Kierch vun hiren Ufäng bis haut.
- D'Kiercherecht beschäftegt sech mat der Gesetzgebung vun der Kierch a Relatioun mat der Gesellschaft an de Staaten.
[Änneren] Praktesch Disziplinnen
- D'Pastoraltheologie behandelt d'Bezéiungen, d'Handlungen etc. an enger Gemeinschaft vu Gleewegen.
- D'Reliounspädagogik erschaaft a verbreet Methode fir d'Glawensinhalter ze enséignéieren.
- D'Missiologie ënnersicht d'Méiglechkeete fir de chrëschtleche Glawen a Géigende mat enger anerer Relioun ze verbreeden.
[Änneren] Reflexiv Disziplinnen
- D'Moraltheologie an d'Ethik beschäftege sech mat de Froe vum mënschlechen Handelen aus der Perspektiv vum Glawen.
- D'systematesch Theologie ass spekulativ, si ënnerdeelt sech:
- D'Dogmatik systematiséiert d'Glawensinhalter, hält se kohärent a weist hiren Intérêt fir d'Mënschen aus der heiteger Zäit op. Wëll d'Glawensinhalter e risegen Themenblock duerstellen ginn et nach eng ganz Rei vun Ennerfächer bannent der Dogmatik (mat de Froen op déi se wëllen eng Äntwert ginn):
- Christologie: Wien war de Jesus als Mensch an als Sohn Gottes?
- Soteriologie: Wéi gesäit den Heilsplang vu Gott aus?
- Pneumatologie: Wien ass den Hellege Geescht?
- Theologie (sens strict): Wien ass Gott de Papp an wat sinn d'Relatiounen tëscht de Persounen vun der Dräifaltegkeet?
- Ekklesiologie: wat ass d'Kierch a wat sinn hir Funktiounen?
- Eschatologie: wat erwaard eis um Schluss, um perséinlechen Liewesenn an kollektiv um Enn vun der Zäit?
- D'Fundamentaltheologie behandelt d'Grondlage vun der Theologie (Virausetzunge vum Glawen, praeambula fidei) souwéi d'Relatioun vun dëser mat anere Wëssenschaften wéi z.B. der Philosophie oder der Sproochwëssenschaft.
- D'Dogmatik systematiséiert d'Glawensinhalter, hält se kohärent a weist hiren Intérêt fir d'Mënschen aus der heiteger Zäit op. Wëll d'Glawensinhalter e risegen Themenblock duerstellen ginn et nach eng ganz Rei vun Ennerfächer bannent der Dogmatik (mat de Froen op déi se wëllen eng Äntwert ginn):