Cienfuegos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Cienfuegos ass d'Haaptstad vun der Provënz Cienfuegos a läit an Zentralkuba an enger déiwer natierlecher Bucht.
D'Stad gouf 1514 gegrënnt a war am 19. Joerhonnert dee wichtegsten Hafen fir d'Zockerexportatioun vum Süden.
Et liewen an dëser Stad 140.700 Awunner (2002), déi e bedeitenden Industriezentrum ass.
Am Joer 2005 gouf den historeschen Zentrum vun Cienfuegos vun der Unesco zur Weltkulturierfschaft.
[Änneren] Kuckeswäertes
- De Palacio de Valle: eng gotesch, napoleonesch a mauresch Villa déi am Joer 1913 fir bal 2 Mioliounen Dollar fir de Spuenier Ciscle de Valle y Blance gebaut gouf. Haut kann een dës Villa besiche goen an um Rez-de-Chaussée ass e Restaurant.
- De Castilla de Jagua: ass eng Festung vu 1745 an huet fréier d'Cienfuegos Bucht virun de Pirate geschützt.
- De Parque Martí: ass eng Plaz mat Musekpavillon a Bänken, ronderem déi restaueréiert a riseg Villaen stinn, wéi z.B. den Teatro Tomás Terry mat Aussichtstuerm, de Museo Provincial mat der Geschicht vun der Stad an d'Kathedral.