Etymologie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
[Änneren] Definitioun
Etymologie ass d'Wëssenschaft vun der Hierkunft vun engem Wuert. Vill Wierder an de romanesche Sproochen komme aus dem Latäin. Modern Wieder, wéi aus der Informatik, kommen aus dem Engleschen. Ganz al Wierder oder geléiert Wierder kommen dacks aus dem Griicheschen.
[Änneren] Beispiller
- Manufaktur: aus dem Latäin; kënnt vun manus, us wat Hand bedeit, a vum Supinum (->Latäin) vum Verb facere wat maachen heescht. Deemno bedeit Manufaktur eppes, wat op der Hand gemaach gouf.
- Biologie: aus dem Griechëschen; kënnt vun bios=Liewen, a logos = Léier. Also ass d'Biologie d'Léier vum Liewen.