Friedrich Wilhelm Raiffeisen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Friedrich Wilhelm Raiffeisen (* 30. Mäerz 1818 zu Hamm (Sieg); † 11. Mäerz 1888 zu Heddesdorf, haut Neuwied) wor en däitschen Politiker a Wohltäter.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Säi Liewen
De Friedrich Wilhelm Raiffeisen gouf den 30. Mäerz 1818 zu Hamm an Däitschland gebuer. E war Buergermeeschter vu verschiddenen Uerschaften: vun 1845 un vu Weyerbusch/Westerwald, vun 1848 un vu Flammersfeld/Westerwald a schliisslech vun 1852 bis 1865 vum Amt vun Heddesdorf (haut Neuwied).
[Änneren] Säi Wierk
De Raiffeisen hat d'Iddi vun der genossenschaftlecher Selbsthëllef wuel duerch seng Tätegkeet als jonke Buergermeeschter vu Flammersfeld am Westerwald. E koum sécher duerch d'Leiden vun der Landbevëlkerung drop, déi wéinst schlechte Récolten dacks op Wucherer ugewise waren. Dofir huet en Darlehenskassenveräiner gegrënnt an huet esou der Landwirtschaft gehollef, an d'Ofrëtschen an de Misär verhënnert.
De Raiffeisen huet e wichtege Bäidrag zu der Sozialgeschicht vum 19. Joerhonnert geleescht a gëllt als e grousse Wohltäter aus der domoleger Zäit.
[Änneren] Kuckt och
- Sozialreform
- Genossenschaft