Geographie vun Australien
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Australien ass dee kléngste Kontinent, awer dat sechsgréisste Land op der Welt. Et gehéiert zu Ozeanien a läit op der südlecher Hallefkugel tëscht dem Indeschen Ozean an dem südlechë Pazifeschen Ozean.
D'Gesamtfläch bedréit 7.686.850 km², dovunner sinn 7.617.930 km² Land an 68.920 km² Waasser. Vun Nordë bis Südë sinn et ongeféier 3.700 km a vu Westen no Osten ongeféier 4.000 km.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Zäitzonen
Australien läit a verschiddenen Zäitzonen: d'Western Standard Time (WST) a Westaustralien, d'Central Standard Time (CST) am Nërdlechen Territoire an a Südaustralien an d'Eastern Standard Time (EST) zu Queensland, New South Wales, Australeschen Haaptstadterritoire, Victoria an Tasmanien.
D'Zäitzone leie bei + 6 bis zu + 10 Stonnen zu Mëtteleuropa.
[Änneren] Landschaften
Australien ass eent vun de kontrasträichste Länner op der Welt mat sengë Savannen, sengë Wüsten, sengem Outback, sengë Nationalparken a sengë Reebëscher. De gréissten Deel vum Zentrum a vum Weste vun Australien, de sougenannten Outback, ass onbewunnbar. Am Norde vum Kontinent ginn et haaptsächlech tropesch Bam- a Grassavannen. Un de Küsten dogéint ass et Reen- a Mangrovebësch deen d'Iwwerhand huet. Am Banneland an am Westë ginn et haaptsächlech Steppen a Wüsten. Drëchent Buschland ass wäit verbreet mat villen Eukalypten- an Akazienaarten. Nieft schmuelen tropeschen Reebëscher am Norden si Bëscher am Osten um Great Dividing Range ze fannen.
[Änneren] Klima
Je no Géigend an Australien ginn et ganz verschidde Klimazonen. Am Norden ass et tropesch waarm a fiicht, am Südë subtropesch bis waarm an am Banneland ass et drëchen an et herrscht Wüsteklima. Nidderschléi ginn et genug am Norden (Monsun), am Oste ginn et passatesch Staunidderschléi an am Südwesten an am Südostë ginn et zyklonesch Wanternidderschléi.
Déi héichsten Temperatur gouf am Joer 1889 zu Cloncurry am Queensland gemooss, et waren 53° Celsius. Di niddregst war -23° am Joer 1994 zu Charlotte Pass an de Schnéifelder vum Mount Kosciuszko.
D'Reenzäit ("The Wet") ass ganz ënnerschiddlech. Meeschtens ass si awer tëscht Dezember an Abrëll. De Summer ass haaptsächlech am Süden immens drëchen a gliddeg waarm. Den Héichsummer ass och d'Zäit vun de Bëschbränn an Australien.