Giraff
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
Giraff | |||||
Klassesch Klassifikatioun | |||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Klass : | Mamendéieren | ||||
Iwweruerdnung : | Laurasiatheria | ||||
Uerdnung : | Artiodactyla | ||||
Famill : | Giraffen | ||||
Gattung : | Giraffa | ||||
Aart : | Giraff | ||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||
Giraffa camelopardalis | |||||
D' Giraff (Giraffa camelopardalis) ass eng Aart aus der Famill vun de Giraffen (Giraffidae). D'Giraff an den Okapi sinn di eenzeg nach lieweg Aarten aus dëser Famill.
[Änneren] Kierperbau
D'Giraff huet en aussergewéinleche laangen Hals, laang Been, e staark offallende Réck an e laangen Quasteschwanz. Di männlech Déieren sinn iwwer 5,50 m grouss, di weiblech knapp iwwert 5 m. Giraffen hunn och Haren a jeweils 32 Zänn. Hir Schnëss ass zimlech schmuel a si hunn eng laang Gréifzong.
[Änneren] Liewensweis a Liewensraum
Giraffen friesse Blieder a liewen nëmme méi an Afrika an daat haaptsächlech nach just an Nationalparken. Si sinn Savannen- a Steppendéieren a si guer net gär an de Bëscher. Si verbréngen de ganzen Dag bal nëmmen mat friessen a laafen dofir ganz gemittlech vu Planz zu Planz an zupfen hei e Blatt oder briechen do e puer Äscht of. Wa si genug Waasser fannen, drénke si all Dag zimlech vill. Si kënnen awer genau esou gutt e puer Deeg laang ouni Waasser aushalen.
[Änneren] Fortplanzung
Giraffe kréien bei enger Befruchtung, déi d'ganzt Joer iwwer ka geschéihen, jeweils just ee Jonkt. D'Schwangerschaft dauert 14-15 Méint an da Jonkt ass bei der Gebuert schonn bis zu 2 m grouss a weit ongeféier 60 kg. Et ass no enger Stonn schonn op de Been an drénkt. Mat 3 Deeg kann et scho lafen.