Gustave Jacquemart
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Gust Jacquemart (*13. August 1882 zu Fourrières an der Belsch, †4. Abrëll 1950), war e lëtzebuergesche Sportspionnéier a Politiker.
De Gust Jacquemart, Jong vun engem Marbersschläifer, gouf bekannt duerch säin Engagement fir de Sport zu Lëtzebuerg. Hien huet sech fir d'Turnen, de Vëlosport, d'Fechten, besonnech awer de Foussball, agesat. Duerch hie gouf déi éischt Lëtzebuerger Sportsfederatioun, d'Fédération des Sports Athléthiques gegrënnt, an deer all Zorte vu Sport vertruede waren, ier déi eenzel Sportaarten hir eege Federatioune kruten. Hien huet den Turnverband mat gegrënnt an nom Éischte Weltkrich d'Foussball-Federatioun mat opgebaut. Hie stung mat un der Spëtzt vu ville Sportorganisatiounen.
An der Politik huet hie seng Carrière 1915 als Conseiller am Hollerecher Gemengerot ugefaangen, an ass 1921, wéi Hollerech un d'Stad Lëtzebuerg ugeschloss gouf, liberale Scheffe vun der Stad ginn. Am Zweete Weltkrich huet hie véier Joer am KZ erleide missen, duerno gouf en Deputéierten a Vizepresident an der Chamber.