Kazimierz Marcinkiewicz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Kazimierz Marcinkiewicz (* 20. Dezember 1959 zu Gorzów Wielkopolski) ass en national-konservative polnesche Politiker (PiS) a war vum 31. Oktober 2005 bis de 7. Juli 2006 Ministerpresident vu sengem Land.
[Änneren] Säi Liewen
De Marcinkiewicz huet un der Universitéit Wrocław Physik studéiert an 1984 säin Ofschloss gemaach. Duerno huet en aacht Joer laang als Schoulmeeschter a Vizedirekter a senger Heemechtsstad Gorzów geschafft.
De Marcinkiewicz ass bestuet an huet véier Kanner.
[Änneren] Seng politesch Carrière
Schonn 1981 ass de Marcinkiewic Member vun der Solidarność-Bewegung ginn a war dunn an den 1980er Joren niewelaanscht Redakter fir d'Ënnergrondpress vu senger Stad.
1992 gouf e fir ee Joer als Staatssekretär an de Ministère fir National Erzéiung geruff. Von 1999 bis 2000 war e Kabinettschef vum Ministerpresident Jerzy Buzek.
No de Wahlen 2005 huet en de Marek Belka als Ministerpresident ofgeléist. Fir säin iwwerraschende Carrièresspronk huet e sengem Parteipresident Jarosław Kaczyński Merci ze soen, deen op déi Funktioun fräiwëlleg verzicht huet, fir d'Chancë vu sengem Zwillingsbrudder Lech bäi de Presidentschaftswahlen net a Gefor ze bréngen. Am Juli 2006 huet dësen dunn awer säi Brudder zum Premier ernannt.