Ketty Thull
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Ketty Thull, gebuer den 2. Februar 1905 zu Méideng, a gestuerwen de 25. Oktober 1987 zu Esch-Uelzecht, war eng Léierin am Fach Haushaltungslehre (d.h. wéi een e Stot féiert) zu Esch-Uelzecht.
Bekannt ass si virun allem fir hiert Kachbuch, dat an 10 Oploen, déi heiansdo erweidert goufen, méi wéi 50 Joer laang erauskomm ass. Zulescht war den Titel Luxemburger Koch-, Back und Dessertbuch.
D'Ketty Thull war och Auteur vum Ratgeber beim Konservieren der Nahrungsmittel a vun engem Buch iwwer Desserten a Bakrezepter.
[Änneren] Editiounen
Eng laang Zäit hat d'Ketty Thull selwer d' Copyright vun hire Bicher, duerno sinn d'Rechter hin an hier verkaaft ginn. Well vun Ufank u keen Datum an den Oploë stoung ass et komplizéiert d'Entwécklung vun den Editiounen ze verfollegen.