Lidd
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Begrëff Lidd (v. alhéidt.: liod - "Gesongenes") bezeechent e gesongent Musekstéck, dat aus e puer gläichgebaute gereimte Strofen oder enger auskomponéierter variéierender Melodie fir all Strof besteet. D'Lidd stellt déi ursprénglechst an einfachst Form vun der Lyrik duer. Am Lidd fënnt dat mënschlecht Gefill a senge Stëmmungen a Bezéiungen eng reng an intensiv Ausdrocksméiglechkeet.
E Lidd ka vun engem eenzelene Sänger, dem Solist, engem Musekensemble oder engem Chouer A Cappella oder vun engem Musekinstrument begleet virgedroe ginn.
D'Lidd zeechent sech duerch eng einfach a geschlosse Glidderung aus. Och Weise vun der Ballad oder vum Sprechgesank zielen zur Gattung Lidd.
[Änneren] Kuckt och
- Lied
- Chanson