Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg 15. Juni 1894 – 24. Januar 1924 |
||||||
Groussherzogin vu Lëtzebuerg | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
D'Marie Adélaïde Theresia Hilda Antonia Wilhelmina vu Lëtzebuerg (* 15. Juni 1894 op Schlass Bierg, † 24. Januar 1924 op Schlass Hohenburg a Bayern) war vun 1912 bis 1919 Groussherzogin vu Lëtzebuerg.
Nom Doud vun hirem Papp, dem Wëllem IV. huet der Marie-Adélaïde hir Mamm, d'Groussherzogin Marie-Anne, d' Regentschaft iwwerholl, bis zu der Marie-Adélaïde hirer Volljäregekeet, de 15. Juni 1912.
Déi kuerz Herrschaft vun der Groussherzogin Marie-Adélaïde ware geprägt duerch schwéier bannepolitisch Konflikter, notamment de Sträit em d'Schoulgesetz vun 1912, an d'Besatzung vu Lëtzebuerg duerch däitsch Truppen am Éischte Weltkrich.
Anescht wéi hir Virgänger huet d'Marie-Adélaïde probéiert, an d'aktuell Regierungsgeschäfter anzegräifen. Sou huet se z.B. gezéckt, fir d'Schoulgesetz vun 1912, dat op staarke Widderstand vu kathoulescher Säit gestouss ass, z'ënnerschreiwen, a se huet 1915 eng Regierung ernannt, deeër d'Chamber net d'Vertraue votéiert huet, wouropshin se kuerzerhand d'Chamber opgeléist huet.
Well se och während dem Krich den däitsche Keeser Wilhelm II. empfaangen hat, deen 1914 säi Quartier général zu Lëtzebuerg hat, gouf hir nom Krich virgehäit, eng zevill däitschfrëndlech Haltung gewisen ze hunn, an esou huet se missen, op Drock vun den Alliéierten, den 9. Januar 1919 ofdanken.
1920 ass d'Marie-Adélaïde zu Modena an e Karmeliterinneklouschter agetrueden, a méi spéit bei de "Klenge Schwëstere vun deenen Aarmen" zu Roum. Hire Gesondheetszoustand war awer esou schlecht, dass se huet missen op d'Klouschterliewe verzichten, a se ass op d'Schlass Hohenburg a Bayern geplënnert, wou se, mat nëmmen 29 Joer, verstuerwen ass.
Hir stierflech Iwwerreschter goufen den 22. Oktober 1947 an der Krypta vun der Staadter Kathedral bäigesat.
[Änneren] Kuckt och
- Politesche System vu Lëtzebuerg
- Groussherzog
- Adélaïde-Marie vun Anhalt-Dessau (hir Groussmamm)
Virgänger: Wëllem IV. |
Groussherzogin vu Lëtzebuerg 1912- 1919 |
Nofolger: Charlotte |