Mi .50
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Mi.50, och nach .50 M2 HB genannt, ass e schwéiert Maschinnegewier dat ënner Lizenz vun der belscher Firma FN Herstal gebaut gëtt. Dëst Maschinnegewier gëtt an villen auslänneschen Arméien, awer och an der lëtzebuerger Arméi benotzt.
D'.50 ass e Maschinnegewier, dat nom Prinzip vum Gasréckstouss mat oppenem Schlass fonktionnéiert. Op den néie Versioune vun der Waff kann de Laf extrem séier gewiesselt gin. Dëst gëtt erméiglecht duerch en neie System, dee Quick Change Barrel oder QCB genannt gëtt.
- Kaliber : 12,7 mm
- Gewiicht ouni Bande : 38,2 kg
- Längt vun der Waff: 1650 mm
- Längt vun enger Bande: 100 Schoss
- Schosskadenz: 400 - 600 Schoss an der Minutt (Theorie - well bei deer Kadenz schmëlzt de Laf)
- Praktesch Schossdistanz: 1500 m
- Theoretesch Schossdistanz: 7000 m
- Praktesch Schossdistanz géint Fligeren: 800 m
Den Erfanner vun der Mi 50. war den Här James Browning .