Novell
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Novell (v. lat.: novus - nei; ital.: novella - klengt Evenement) ass eng kuerz Erzielung a Prosaform. De Begrëff (a méi enger klenger Form) weist op eng Neiegkeet hin -- dacks gëtt och op d'italienescher Kierch vun der Renaissance Santa Maria Novella higewisen, wat op d'Ufankszäit schléisse léisst.
Am Géigensaz zum Roman befaasst sech eng Novell net mat engem ëmfassenden Zäit- oder Liewensbild, mee mat engem Ausschnëtt, dee sech zu engem Dréipunkt zouspëtzt. Géigestand vun der Erzielung ass, dem Johann Wolfgang von Goethe no, "en onerhéiert Evenement, dat geschitt ass", d.h. en Evenement, dat e gewëssen Usproch op Wourecht an Originalitéit ze erhiewe schéngt. Typesch fir Novellen ass doriwwer eraus , datt ët just een Handlungsstrang gëtt, dee sech ëm een eenzege Konflikt (Kris, Héichpunkt) dréint. Ausserdeem ass charakteristesch fir d'Novell eng Verflechtung vu Virfall a Mënsch, déi doduerch Ablécker an d'mënschlech Natur bréngt. D'Novell kann als baussent Zeechen vum Käerpunkt en Déngenssymbol (Falke - Falkennovelle, Juddenbich) als Leitmotiv enthalen. Wéinst hirer relativ kuerzer Längt ginn Novellen dacks a Sammlunge publizéiert.
Als Grënner vun der Novellentraditioun gëllt dem Italiener Giovanni Boccaccio säi Decamerone (Wierk vun zéng Deeg).
Bekannten Auteure vun Novellen an der däitscher Literatur sinn z.B. den Heinrich von Kleist, de C.F. Meyer, den Eduard Mörike, Theodor Storm, de Gottfried Keller, den Thomas Mann an hautesdags och den Hartmut Lange.
Beispiller vun Novellen online:
- Der Schuß von der Kanzel vum C.F. Meyer
- Die Marquise von O vum Heinrich vu Kleist
- Der Schimmelreiter vum Theodor Storm
- Kleider machen Leute vum Gottfried Keller
- Mozart auf der Reise nach Prag vum Eduard Mörike
- Tonio Kröger vum Thomas Mann