Paräisser Métro
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Paräisser Métro ass d'U-Bahnnetz vun der Stad Paräis (Frankräich) an enger Partie vun de Gemenge ronderëm. Am Joer 2005 zielt Paräis 16 Linnen vun enger kompletter Längt vun zirka 200 Kilometer, an 297 Statiounen.
No der Adoptioun vun engem Resausprojet vum Fulgence Bienvenüe, Inspekter vun de Ponts et Chaussées an dem Edmond Huet, den 20. Abrëll 1896, gëtt de Chemin de fer métropolitain als publik Nëtzlechkeet duerch d'Gesetz vum 30. Mäerz 1898 deklaréiert. D'Arbechte sinn de 4. Oktober 1898 lassgaangen, am Kader vun enger Konventioun tëscht der Stad Paräis an der Compagnie du chemin de fer Métropolitain de Paris (CMP). Déi éischt Linn (Porte de Vincennes - Porte Maillot) ass den 19. Juli 1900 opgaangen, fir den Transport während den Olympesche Summerspiller an de Bois de Vincennes ze erméiglechen. D'Ädikuli goufe vum Art Nouveau-Architekt Hector Guimard geschaf.
Den Opbau vum Metro gouf zesumme vum Staat an der Stad Paräis decidéiert, virun allem well d'Transporter net effizient genuch an der franséischer Haaptstad viru sech gaange sinn. Ausserdem gouf dobäi un d'Weltausstellung vum Joer 1900 geduecht. Den Originalprojet hat eng kreesfërmeg Linn Étoile-Nation-Étoile virgesinn, an zwou transversal Linnen, déi eng vum Norden an de Süden (Porte de Clignancourt-Porte d'Orléans), déi aner vum Osten an de Westen (Avenue Gambetta - Porte Maillot).
Eng zweet Konventioun gëtt den 31. Januar 1904 ënnerschriwwen, déi enger anerer Firma, der Société du chemin de fer électrique souterrain Nord-Sud de Paris (Nord-Sud), den Optrag vun enger Linn tëscht Montmartre (eigentlech Notre-Dame de Lorette) an der Porte de Versailles. D'Inauguratioun vun dëser Linn de 4. November 1910 wor verspéid duerch d'Héichwaasser vun der Seine am Januar 1910.
Déi zwou Entreprisen CMP an Nord-Sud, déi bis 1929 co-existéiert hunn, bis si fusionnéieren, hunn ähnlecht Material benotzt, mee "hir" Statioune ganz verschidden dekoréiert. Verschidde Statiounen haten de selwechten Numm op denen zwou Linnen (zum Beispill gouf et zweemol d'Statioun Grenelle).
1913 huet de Paräisser Métro schonn 10 Linne gezielt: 8 vun der CMP an zwou vun der Nord-Sud (déi aktuell Linn 12 an d'Linn nërdlech vun der Statioun Saint-Lazare). Vu 55 Milliounen am Joer 1901 ass d'Zuel vun de Reesenden 1913 op 476 Millioune pro Joer eropgaangen. De Resau huet während dem Éischte Weltkrich weider vergréissert. An der Tëschekrichszäit sinn d'Linnen 9, 10 an 11 opgaangen. 1929 schléisst sech d'Nord-Sud der CMP un.
Den 1. Januar 1942 fusionnéiert d'CMP mat der Société des transports en commun de la région parisienne (STCRP); dëse Resau gouf 1949 vun der RATP iwwerholl, déi den 23. Mäerz 1948 gegrënnt gi war. De Paräisser Métro gëtt och haut nach vun der RATP bedriwwen, déi och de Funiculaire de Montmartre geréiert, d'Paräisser Buslinnen, de Paräisser Tram an d'Linnen A a B vum RER.
1967 koum d'7bis bäi, an 1971 d'Linn 3bis).
De 15. Oktober 1998 gouf eng komplett nei Linn gebaut: d'Linn 14, ursprünglech tëscht Madeleine an der Bibliothèque François Mitterrand, an duerno verlängert bis zur Gare Saint-Lazare.
[Änneren] Plang vum Métro an RER zu Paräis
D'Métro- an d'RER-Linnen |
[Änneren] Lëscht vun de Linnen
Linn | Numm | A Betrib geholl |
Längt (km) |
Statiounen | |||
---|---|---|---|---|---|---|---|
1 | La Défense — Grande Arche | ↔ | Château de Vincennes | 1900 | 16,5 | 25 | |
2 | Porte Dauphine | ↔ | Nation | 1900 | 12 | 25 | |
3 | Pont de Levallois — Bécon | ↔ | Gallieni | 1904 | 12 | 25 | |
3bis | Gambetta | ↔ | Porte des Lilas | 1921 | 1,3 | 4 | |
4 | Porte de Clignancourt | ↔ | Porte d'Orléans | 1908 | 10,5 | 26 | |
5 | Bobigny — Pablo Picasso | ↔ | Place d'Italie | 1906 | 14,5 | 22 | |
6 | Charles de Gaulle — Étoile | ↔ | Nation | 1907 | 13,5 | 28 | |
7 | La Courneuve — 8 Mai 1945 | ↔ | Villejuif — Louis Aragon / Mairie d'Ivry |
1910 | 22,5 | 38 | |
7bis | Louis Blanc | ↔ | Pré Saint-Gervais | 1911 | 3 | 8 | |
8 | Balard | ↔ | Créteil — Préfecture | 1913 | 22 | 37 | |
9 | Pont de Sèvres | ↔ | Mairie de Montreuil | 1922 | 20 | 37 | |
10 | Boulogne — Pont de Saint-Cloud | ↔ | Gare d'Austerlitz | 1913 | 12 | 23 | |
11 | Châtelet | ↔ | Mairie des Lilas | 1935 | 6,5 | 13 | |
12 | Porte de la Chapelle | ↔ | Mairie d'Issy | 1910 | 14 | 28 | |
13 | Gabriel Péri — Asnières — Gennevilliers / Saint-Denis — Université |
↔ | Châtillon — Montrouge | 1911 | 21 | 30 | |
14 | Saint-Lazare | ↔ | Bibliothèque François Mitterrand | 1998 | 8 | 8 |
[Änneren] Literatur zum Thema
- Le patrimoine de la RATP, Éditions Flohic, 1996 (ISBN 2-84234-007-8)
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Paräisser Métro – Biller, Videoen oder Audiodateien |