Phil Lynott
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Philip Parris Lynott (* 20. August 1949 zu Birmingham, England; † 4. Januar 1986 zu Salisbury, England) war Bassist a Sänger an deer éischter irescher Rockband déi international bekannt gouf.
Hien huet ëm 1969 zu Dublin d'Rockband Thin Lizzy gegrënnt. Säi Papp war Brasilianer a seng Mam Irin. 1980 huet de Phil Lynott eng Solocarrière gestart an huet nach am selwechte Joer d'Caroline, d'Duechter vum britesche Comedian Leslie Crowther, bestuet. Zur Gebuert vu senger Duechter huet de Phil d'Lidd Sarah geschriwwen, dat en Hit gouf, genau sou wéi 1982 Yellow Pearl.
De Phil Lynott, a senge leschte Jore staark drogenofhängeg, ass 1986 am Alter vun nëmme 36 Joer un enger Iwwerdosis Heroin an der Infirmerie vu Salisbury an England gestuerwen. Säi Graf ass zu Dublin.