Rëmerschen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Rëmerschen ass eng Uertschaft an der Gemeng Schengen an huet eng 650 Awunner.
Wéinst dem héije Bekanntheetsgrad vu Schengen huet de Gemengerot a senger Réunioun vum 18. Januar 2006 decidéiert, eng Ufro ze maachen, fir den Numm vun der Gemeng "Remerschen" a "Schengen" ëmzebenënnen. Nom Gemengegesetz (Artikel 3) ass eng Ännerung vum Numm vun enger Gemeng nëmmen iwwert e Gesetz méiglech. De Gesetzesprojet heifir gouf vum Inneministär préparéiert an d'Chamber huet d'Gesetz den 13. Juli 2006 votéiert, wat den 30. August 2006 dunn am Mémorial Nr. A-150 verëffentlecht gouf. Domat huet den Numm vun der Gemeng den 3. September 2006 vu Rëmerschen op Schengen gewiesselt.