Sowetsk (Oblast Kaliningrad)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Sowetsk (Russesch Советск, Däitsch bis 1946 Tilsit, haut och Sowjetsk, Litauesch Tilžė) ass eng eine rajonsonofhängeg Stad am fréieren nërdlichen Ostpreisen, der heiteger Oblast Kaliningrad a Russland an huet 41.000 Awunner. Sowetsk läit op 52,2° nërdlicher Breet an 21,46° ëstlicher Längt.
Bis 1945 huet Sowetsk als Tilsit zu Däitschland gehéiert a war zënter 1895 e selbststännege Stadkrees am Regierungsbeziirk Gumbinnen. D'Verwaltung vum Landkrees Tilsit-Ragnit ass zu Tilsit bliwwen.
D'Stad Sowetsk ass weltwäit bekannt fir hir Kéisproduktioun (Tilsiter), de Fridde vun Tilsit am Joer 1807 tëschent Frankräich a Russland an d'Kinnigin-Luise-Bréck iwwer de Njeman, déi fréier Memel (russesch/wäissrussesch Njeman/Neman, litauesch Nemunas).
Sowetsk huet Schëffswerften, en Hafen an eng Zellstoffindustrie.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Geographie
[Änneren] Kuckeswäertes
[Änneren] Bekannte Sowetsker
- Gustaf Kossinna (1858-1931), Archeologie-Professer.
- Armin Mueller-Stahl, Schauspiller.