UEFA
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Union of European Football Associations (UEFA) ass de Foussball-Daachverband fir den europäeschen Kontinent. Hir Aufgab ass et, d'Entwécklung vum europäeschen Foussball op all Niveau sëcherstellen, sou wéi d'Prinzipien vun Eenegkeet a Solidaritéit ze garantéieren an ze fuederen. D' UEFA ass eng vun de sechs Konföderatioune vum Weltfoussballverband FIFA a gouf de 15. Juni 1954 zu Basel an der Schwäiz um Uschloss un Gespréicher mat de Verbänn aus Frankräich, Belsch an Italien gegrënnt. Hire Sëtz war bis 1959 zu Paräis, bis d'UEFA op Bern geplënnert ass. Säit 1995 befënnt sech de Verwaltungssëtz vum Daachverband zu Nyon an der Schwäiz.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Festgeluechten Aufgaben
An enker Zesummenaarbescht mat de Member-Verbänn sou wéi de Ligen an Kluben an Europa, goufe folgend Zieler festgehaal:
- Erfollegräich Wettbewerber fir de Beruffs-,Junioren-, Fraen-, an Breetefoussball ze organiséiren
- Dofir ze Suergen, dass nach méi Mënschen Zougang zum Foussball fannen, ouni Diskriminéierung vu Geschlecht, Relioun oder Rass.
- Komerziellen Erfollëg an gesond Finanzen sëcherzestellen, ouni déi sportlech Qualitéit vun hire Wettbewerber aus den Aen ze verléieren.
- D'Annahmen vun der UEFA an de Foussball ze réinvestéieren, bzw. ëmzeverdeelen.
- Speziell Hëllef an Ennerstëtzung unzebidden, fir déi wichtegst Uleies vun de Member-Verbänn ze erfëllen.
- Positiv sportlëch Werter wéi Fair-Play an Anti-Rassismus sou wéi d'Sëcherheet am Stadionëmfeld ze garantéiren an ze fuederen.
- Als repräsentativ Stëmm vun der europäescher Foussball-Famill ze handlen.
- Gutt Relatioune zu den anere kontinentale Verbänn an der FIFA oprechtzeerhaalen.
- Ze garantéieren, dass d'Bedierfnësser vun dene, déi dëst Spill spillen, an d'Interesse vun de Fans am Handelen vun der UEFA Widerhall fannen.
[Änneren] Präsidenten vun der UEFA
Bis elo hat d’UEFA fënnef Presidenten:
- Ebbe Schwartz (Dänemark, 1954–1962)
- Gustav Wiederkehr (Schwäiz, 1962–1972)
- Artemio Franchi (Italien, 1973–1983)
- Jacques Georges (Frankräich, 1984–1990)
- Lennart Johansson (Schweden, seit 1990)
De Präsident vum europäeschen Foussballverband ass automatesch och Vizepräsident vum Weltfoussballverband FIFA. De franséischen ehemolegen Foussballspiller Michel Platini huet ugekënnegt, bei der nächster Wahl vum UEFA-Präsident, déi vun 2006 op 2007 verréckelt gouf an domat parallel mat der Wahl vum FIFA-Präsident stattfanne wärt, unzetrieden. Den DFB (Deutscher Fußball-Bund) well de Franz Beckenbauer als Kandidat opstellen, falls den Lennart Johannson nët fir eng weider Amtszäit kandidéiert.
[Änneren] Member-Verbänn
D’UEFA zielt 52 Memberlänner mat hirem jeweilegen Foussballverband. Nëmme Länner mat uerdentlëcher Memberschaft kënnen och un dë vun der UEFA ausgeriichtenen Wettbewerber (kuckt ënnen) deel huelen. Dëst ass d’Lëscht vun de Länner mat der Bezeechnung vum Verband an hir Oofkierzung:
- Albanien – Federata Shqiptare e Futbollit (FSHF)
- Andorra – Federació Andorrana de Futbol (FAF)
- Armenien – Football Federation of Armenia
- Aserbaidschan – Azərbaycan Futbol Federasiyaları Assosiasiyası (AFFA)
- Belsch – Koninklijke Belgische Voetbalbond (K.B.V.B.) / Union royale belge des sociétés de football association (URBSFA)
- Bosnien-Herzegowina – Nogometni/Fudbalski Savez Bosne i Hercegovine (NFSBiH)
- Bulgarien Bulgarski Futbolen Sojus
- Dänemark – Dansk Boldspil-Union
- Däitschland – Deutscher Fußball-Bund (DFB)
- England – The Football Association (FA)
- Estland – Eesti Jalgpalli Liit
- Färöer – Fótbóltsamband Føroya (FSF)
- Finnland – Suomen PalloLiitto
- Frankräich – Fédération Française de Footbal (FFF)
- Georgien – Georgian Football Association (GFF)
- Griechenland – Hellenic Football Federation (HFF)
- Irland – Football Association of Ireland (FAI)
- Island – Knattspyrnusambands Íslands (KSI)
- Israel – Israel Football Association (IFA)
- Italien – Federazione Italiana Giuoco Calcio (FIGC)
- Kasachstan - Football Union of Kazakhstan
- Kroatien – Hrvatski nogometni savez (HNS)
- Lettland – Latvijas Futbola Federācija (LFF)
- Liechtenstein – Liechtensteiner Fußballverband (LFV)
- Litauen – Lietuvos Futbolo Federacija (LFF)
- Lëtzebuerg – Fédération Luxembourgeoise de Football (FLF) [1]
- Malta – Malta Football Association (MFA)
- Mazedonien – Fudbalska Federacija na Makedonija (FFM)
- Moldawien – Federaţia Moldovenească de Fotbal (FMF)
- Holland – Koninklijke Nederlandse Voetbalbond (KNVB)
- Nordirland – Irish Football Association (IFA)
- Norwegen – Norges Fotballforbund (NFF)
- Éisträich – Österreichischer Fußballbund (ÖFB)
- Polen – Polski Związek Piłki Nożnej (PZPN)
- Portugal – Federação Portuguesa de Futebol (FPF)
- Rumänien – Federaţia Română de Fotbal (FRF)
- Russland – Rossijski Futbolni Sojus (RFS)
- San Marino – Federazione Sammarinese Giuoco Calcio (FSGC)
- Schottland – The Scottish Football Association (SFA)
- Schweden – Svenska Fotbollförbundet (SFF)
- Schwäiz – Schweizerischer Fussballverband (SFV)
- Serbien – Fudbalski Savez Srbije (FSS)
- Slowakei – Slovenský futbalový zväz (SFZ)
- Slowenien – Nogometna zveza Slovenije (NZS)
- Spuenien – Real Federación Española de Fútbol (RFEF)
- Tschechien – Českomoravský Fotbalový Svaz (ČMFS)
- Tierkei – Türkiye Futbol Federasyonu (TFF)
- Ukraine – Federazija Futbolu Ukrajiny (FFU)
- Ungarn – Magyar Labdarúgó Szövetség (MSLZ)
- Wales – Football Association of Wales (FAW)
- Wäissrussland – Belarus Football Federation (BFF)
- Zypern – Cyprus Football Association (CFA)
[Änneren] Kompetitiounen
D'UEFA organiséiert eng sëllege Kompetitiounen, un denen d'Länner oder d'Veräinsequipen vun dene Länner deelhuele kënnen. Nieft de Qualifikatiounen fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft sinn dat:
[Änneren] fir Nationalequipen
- Foussball-Europameeschterschaft
- Fraefoussball-Europameeschterschaft
- U-21-Foussball-Europameeschterschaft
- U-19-Foussball-Europameeschterschaft
- U-17-Foussball-Europameeschterschaft
- U-19-Fraefoussball-Europameeschterschaft
- Meridian Cup fir europäesch an afrikanesch U17-Teamen, zesumme mam afrikanesche Kontinantalverband CAF organiséiert
- Futsal-Europameeschterschaft
- UEFA-Merill-Cup
- UEFA-Invasion-Cup
- UEFA-Super-Merill-Cup
[Änneren] fir Veräinsequipen
- UEFA Champions League, Virgängerkompetitioun war den Europapokalvun de Landesmeeschter
- UEFA-Pokal
- UI-Cup
- Supercup
- Europapokal vun den Pokalgewënner, gespillt bis 1999, vun do un hun di national Pokalgewënner d'Startberechtigung fir den UEFA-Pokal kritt
- UEFA Women's Cup
- UEFA-Futsal-Cup