Virnumm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Virnumm soll mathëllefen, d'Leit vuneneen ze ënnerscheeden. Bäi hirer Gebuert (an/oder Kanddaf) kritt all Persoun een oder e puer Virnimm, wouvunner een (heiansdo en dueblen) spéider effektiv benotzt gëtt: de Ruffnumm.
A villen, virun allem a westleche Kulturen, dingt de Virnumm dozou, fir tëschent de Membere vun enger Famill ze ënnerscheeden, am Géigesaz zum Familljennumm, deen d'Zougehéiregkeet zu enger Famill ausdrécke soll.
An deene meeschte Sprooche kënnt de Virnumm virum Familljennumm; d'Ungarn, d'Ost-Asiaten an d'Vietnamese sinn do awer d'Ausnam.
Viraals hunn d'Leit an eiser Regioun de Kanner meeschtens chrëschtlech Virnimm ginn, mee zënter den 1950er Joren hunn anglophon a romanesch Virnimm ëmmer méi u Bedeitung gewonnen. Watfir e Virnumm elo schlussendlech engem Kand gi gëtt, dat ass also och zum groussen Deel eng Moudesaach.
[Änneren] Kuckt och
- Lëtzebuergesch Virnimm