Wierbeldéieren
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
Image:Bild.jpg | |||||
? | |||||
Klassesch Klassifikatioun | |||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Ënnerstamm : | Wierbeldéieren | ||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||
Vertebrata | |||||
Iwwerklassen | |||||
|
D'Wierbeldéieren sinn en Ënnerstamm vun de Chordata. Zu hinne gehéieren d'Reptiller, d'Vigel, d'Fësch, d'Amphibien an d'Mamendéieren. Di aarteräichst Grupp bilden d'Fësch mat 28.000 bis 30.000 Aarten.
D'Wierbeldéieren stame vun engem Virleefer vun de Fësch of, dee bannen a séngem Kierper e Stützschlauch hat. Dëse Schlauch huet sëch am Laf vun de Joerdausenden zu der Wierbelsail emgewandelt an esou e ganz neie Kierperbau erméiglecht.
Aus denen éischte Prototypen sinn d'Fësch entstanen. Aus enger Linn vun hinnen hu sëch d'Amphibien gebildt an duerno d'Urreptiller, déi sëch a verschidde Gruppe weiderentwéckelt hunn. Zu hinne gehéieren och d'Schlangen an d'Bréckenechsen, déi et och haut nach ginn, genau esou wéi och die ausgestuerwen Mieres- a Flugsaurier an d'Dinosaurier, denen hier Nokommen d'Vulle sinn.
Aus enger vun dene Reptillelinne sinn d'Mamendéieren entstanen, déi sëch hirerseits och erëm a vill verschidde Gruppe weiderentwéckelt hunn. Di modern Mamendéieren si vun de Fuerscher an dräi grouss Gruppen ënnerdeelt ginn: d'Mamendéieren déi Eeër leen (z.B. Schnieweldéieren), Beidelmamendéieren (z.B. Känguru) an d'Plazentadéieren, zu denen och de Mënsch zielt.
[Änneren] Systematik
- Wierbeldéieren (Vertebrata)
- Iwwerklass Agnatha
- Cyclostomata
- Ostracodermi †
- Iwwerklass Kifermünder (Gnathostomata)
- Fësch (Pisces)
- Panzerfësch (Placodermi) †
- Stachelhaien (Acanthodii) †
- Knorpelfësch (Chondrichthyes)
- Knachefësch (Osteichthyes)
- Strahleflosser (Actinopterygii)
- Muskelflosser (Sarcopterygii)
- Landwierbeldéieren (Tetrapoda)
- Amphibien (Amphibia)
- Reptiller (Reptilia)
- Mamendéieren (Mammalia)
- Vullen (Aves)
- Fësch (Pisces)
- Iwwerklass Agnatha