Wilhelm Reinhard Grof vun Neipperg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Wilhelm Reinhard, Grof vun Neipperg (* 27. Mee 1684; † 26. Mee 1774 zu Wien) war en éisträichesche Krichsmann.
Den Neipperg, Fils vum keeserleche Feldmarschall Eberhard Friedrich vun Neipperg (1655-1725), ass 1702 an d'éisträichesch Arméi agetrueden a gouf 1717 Oberst vun engem Infanterieregiment. Heen huet mat Succès 1716 am Tierkekrich bei Temesvár a 1717 bei Belgrad gekämpft, gouf 1723 Generalmajouer an Erzéier vum Herzog Franz Stephan vu Loutrengen, dem spéidere Keeser Franz I., an dono deem säi vertraute Frënd.
1730 gouf den Neipperg Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg. 1733 huet en als Feldmarschallleutnant de Krich an Italien matgemaach, den Adam Sigmund von Thüngen huet hien zu Lëtzebuerg als Festungskommandant ofgeléist. Den Neipper gouf 1735 Feldzeugmeister, 1737 Gouverneur vun Temesvár an huet am Tierkekrich gekämpft.
Den 1. September 1739 huet en ouni eng Vollmuecht an zu fir Éisträich ongënschdege Conditiounen de Fridde vu Belgrad ofgeschloss, a gouf dofir zum Prisong veruerteelt. 1741 duerft en awer nees an d'Schluecht; hie war de Commandant-en-chef a Schlesien géint de Friedrich II.. Den 10. Abrëll huet en d'Schluecht vu Mollwitz verluer, a gouf ofberuff.
1743 war en nach eng Kéier bei der Schluecht bei Dettingen dobäi, ass awer geschwënn dono hannescht op Wien gaangen, wou en 1753 Generol an Éisträich gouf a 1755 Hofkriegsratspräsident.