Badminton
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Badminton ass besser bekannt als "Fiederball", mee ass mëttlerweil well sou bekannt datt och Hobby-Spiller dëse Begrëff benotzen. Op der ganzer Welt sinn iwwer 14 Milliounen Spiller an 156 Länner aktiv.
Badminton gehéiert zu de Réckschlagsportarten an gëtt mat engem Fiederball (Shuttlecock) a jeeweils enger Raquette pro Persoun gespillt. De Ball muss iwwer d'Netz an dem Géigner säin Terrain gespillt ginn. D'Badmintondisziplinen sinn Eenzel, Dubbel an Mixte. Badminton spillt een bal nemmen an der Hal.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Badminton zu Lëtzebuerg
Lëtzebuerg huet am ganzen 21 Badmintonclibb. Et gi Jugend-, Senior, Loisir- an Veteran-Championnater. Ausserdeem gëtt et all Joer eng "Coupe de Luxembourg" an eng Jugend-, Senior- an Veteran-Landesmeschterschaft. Fir d'Seniore ginn et d'Masters-Tournoien (Eenzel, Dubbel, Mixte) a fir d'Jugend d'Grandprix-Tournoien (Eenzel, Dubbel, Mixte).
[Änneren] Ranking
De Ranking am Badminton ass an d'Klassen A,B,C,D angedeelt woubäi A dei bescht ass. All lizenzéierte Spiller fänkt als D35 un a kann duerch Plussen, déi een kritt, wann ee géint ee gläich oder méi héich klasséierte Spiller gewënnt, eng Klass opsteigen. Falls ee géint ee méi niddreg oder gläich klasséierte Spiller verléiert kann een och Minusse maachen. Et brauch een 12 Plussen fir eng Klass ze steigen oder 6 Minusse fir eng Klass ze falen.
Klassen: D35 - D30 - C25 - C20 - B15 - B10 - A05- A00
[Änneren] FELUBA
D'lëtzebuergesch Badmintonfederatioun heescht FELUBA (Fédération Luxembourgeoise de Badminton) an hire President ass de Robert Smit (vu Schëtter)
[Änneren] Nationalequipe
Lëtzebuerg huet och eng Nationalequipe déi vum Nationaltrainer Hargiono aus (Indonesien) traineiert gëtt. D'Nationalequipe ass an e Senior-, A-, B- an C-Kader angedeelt.