Fixspoun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Fixspoun, och nach Fixfeier genannt, ass en Holzspéinchen, deen un enger Spëtz mat enger Zündmass iwwerzunn ass, déi sech beim Reiwen un enger Reiffläch entzünt.
Déi alleréischt Fixspéin konnt een nach op all rauer Fläch entzünden. Well se awer Phosphor enthalen hu, ware se gëfteg a goufen dowéinst verbueden. Déi heiteg Fixspéin sinn ongëfteg, mee kënne just op ganz spezielle Reifflächen entzünt ginn.