Hannibal
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Hannibal (* 247 v. Ch. zu Karthago, † 183 v. Ch. zu Libyssa) war e karthagesche Feldhär.
Vu sengem Papp dem Hamilkar Barkas gouf den Hannibal zu engem Géigner vun de Réimer erzunn. Nom Doud vu sengem Schwoer Hasrubal am Joer 221 v. Ch.gouf hien den ieweschte Kommandant vun de karthageschen Truppen a Spuenien. Fir engem Ugrëff vun de Réimer op Afrika zevirzekommen huet den Hannibal 219 v. Ch. Sagunt zerstéiert an 218 v. Ch. huet hie mat senger Arméi iwert den Ebro gesat deen den Hasdrubal als Grenz mat dem Réimesche Räich ausgemaach hat. Doduerch huet den Hannibal den Zweete Punesche Krich ausgeléist.
218 v. Ch. ass den Hannibal mat 30000 Fousszaldoten, 8000 Reider a 37 Elefanten iwert d'Alpen gezunn a fir d'Réimer ganz iwerrraschend an Norditalien opgetaucht. An 3 grousse Schluechten huet hien géint déi réimesch Arméie gewonn konnt awer Roum net erueweren. Duerch Taktik vun de Réimer goufen dem Hannibal seng Truppen op d'Dauer trotzdem geschwächt an hu kaum nach Ennerstetzung aus hierer Heemecht kritt. D'Arméi déi him sollt zu Hëllef kommen gouf 207 v. Ch. vun de Réimer zerstéiert.
A 16 Joer Krich zwar ongeschloen awer ouni gräifbare Succès gouf den Hannibal 203 v. Ch. op Karthago zréckgeruff fir d'Stad géint de Publius Cornelius Scipio ze verdeedegen. Den Hannibal huet awer 202 v. Ch. bei Zama verluer an doduer war déi karthagesch Groussmuecht endgülteg zerstéiert.
195 v. Ch. ass den Hannibal virun de Réimer a Syrien, duerno op Kreta a schliesslech a Klengasien geflücht. Mee och do hun d'Réimer den Hannibal entdeckt an dësen huet sech duerch Selbstmord der réimescher Gefaangenschaft entzunn.