Leroy Anderson
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Leroy Anderson, gebuer den 29. Juni 1908 zu Cambridge, Massachusetts, a gestuerwen den 18. Mee 1975 zu Woodbury, Connecticut, war en US-amerikanesche Komponist.
Den Anderson gouf berühmt durch seng kuerz, originell Concertstécker, déi hien op Virschléi vum Arthur Fiedler für d'Boston Pops Orchestra komponéiert huet.
De Leroy Anderson huet op der Harward-Universitéit Piano, Posaun, Kompositioun, Uergel a Kontrabass studéiert. Am Zweete Weltkrich war den Anderson am Pentagon Dolmetshcer.
Disquë mat senge Wierker hate ganz grousse Succès. Säi Blue Tango agespillt vum Komponist mat sengem Orchester war déi éischt Instrumetalplack, déi iwwer eng Millioun Mol verkaaft gouf.
Seng Musekstécker goufen ëmmer nees a Filmer agesat, wéi:
- The Typewriter am Film Who's Minding the Store mam Jerry Lewis, 1963.
[Änneren] Wierker
- "Jazz Pizzicato", 1938
- "The Syncopated Clock", 1945
- "Chicken Reel", 1946
- "Fiddle-Faddle", 1947
- "Sleigh Ride", 1948
- "A Trumpeter’s Lullaby", 1949
- "The Typewriter", 1950
- "Blue Tango", 1951
- "Plink, Plank, Plunk!", 1951
- "Belle of the Ball", 1951
- "Bugler's Holiday", 1954
- "Goldilocks", Musical, 1958