Odyssee
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Odyssee (gr.: Οδυσσεια; Odysseía) ass no der Ilias den zweeten Epos, deen dem griicheschen Dichter Homer zougeschriwwe gëtt. Am spéiden 8. Joerhonnert v. Chr. gouf en néiergeschriwwen. D'Odyssee erzielt vun den Erliefnisser vum Kinnek Odysseus vun Ithaka a senge Begleeder op hirer Heemrees aus dem Trojanesche Krich.
A ville Sprooche steet de Begrëff Odyssee dofir fir laang Reesen, ouni ze wësse wouhinn.
Ανδρα μοι εννεπε, Μουσα, πολυτροπον, 'ος μαλα πολλα πλαγχθη, επει Τροισ 'ιερον πτολιεθρον επερσεν ...
An 12.000 Hexameterversen an a 24 Gesäng erzielt d'Odyssee, wéi de Kinnek vun der klenger Insel Ithaka no 10 Joer Krich nach weider 10 Joer hinn an hir reest. No villen Aventurë kënnt en onerkannt als Heeschemann heem an e fënnt säin Haus vu Freieren ëmginn, déi hanner senger Frau Penelope hier sinn.
An enger Parallelgeschicht, der Telemachie, kréie mer verzielt, wéi den Telemachos, de Jong vum Odysseus, sech op d'Sich mécht, fir säi vermësste Papp ze fannen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Déi 24 Gesäng
Fir et spannend ze machen, schafft den Auteur mat komplexe Methoden. Hie baut Parallelhandlungen, Réckblenden, Tirangskapitelen, Wiessel vu Perspektiv an Erzieler a seng Geschicht an. Dat wat geschitt, gëtt net der Rei no beschriwwen, mais fänkt un kuerz ier den Odysseus heem wëll fueren. D'Andeelung vun dem Wierk ass déi hei:
- 1. De Conseil vun de Götter, deen sech um Olymp versammelt huet, ass sech eens, dass den Odysseus, dee scho 7 Joer vun der Kalypso op hirer Insel ugehale gëtt, kann heem goen. De Götterreesenden Hermes freet d'Nymph Kalypso, dass si hie goe léisst. An der Tëschenzäit ass d'Göttin Athene, déi sech verwandelt huet an den Frënd Mentor hannert dem Odysseus séngem Jong Telemachos, hie soll sech op d'Sich no séngem vermësste Papp machen. Deem seng Fra gëtt vu ville Freieren, déi mengen den Odysseus wir dout, gedirengelt fir sech mat hir ze bestueden
- 2. Den Telemachos rifft d'Vollekvertriedung vun Ithaka zesummen fir sech bei hinnen ze beschwéieren iwwer déi, di den Troun wëllen. Hien decidéiert op d'Sich vu sengem Papp ze goen, dee schonn 20 Joer fort ass.
- 3. Den Telemachos kënnt op Pylos bei de Nestor. Mä dee weess vun Näischt.
- 4. Den Telemachos kënnt op Lacedemon. Zu Ithaka preparéieren di Béis en Iwwerfall op den Telemachos fir wann deen heemkënnt.
- 5. D'Götter versammelen sech nach eng Kéier. Si stellen den Hermes un, der Kalypso ze soen, se soll den Odysseus heemschécken. Dee baut e Flooss a mecht sech op de Wee. Mais de Poseidon léisst et stiirmen an den Odysseus land op der Insel Paiaken, wou hie frëndlech opgeholl gëtt.
- 6.Well d'Athene hir et ungeroden hat, get d'Nausicaa, d'Meedche vum phaiakesche Kinnek, bei d'Waasser an fënnt den Odysseus.
- 7.Den Odysseus geet mat an de Palast vum Kinnek Alkinoos. Ouni him säin Numm ze soen, zielt en deem wéi hien iwwerhapt dohi koum.
- 8.Den Alkinoos kuckt, dass den Odysseus erëm heem ka goen, mee virdru wéisst e gäer, mat weem hien ze dinn huet. Wéi en dat bis weess, géif hie gär di ganz Geschicht héieren.
[Änneren] Wien huet se geschriwwen?
Déi nei Homerfuerschung fänkt un mam Friedrich August Wolf, engem Alphilolog vun Halle, den 1795 säin Prolegomena ad Homerum erausget. Bis haut sin d'Froen doriwer, we wat geschriwwen huet, nach nët beäntwert.
Di eng wonneren sech doriwer, dass zwee Erzielfiedem, den Krichsepos an déi Mäerercher an engem Buch sin. Anerer fannen, dass di zwee Wierker sech stilistesch gläichen, a gin dovun aus, d'Odyssee wir d'Alterswierk vum Homer.
[Änneren] Wou huet sech alles ofgespillt?
Zënter dem Heinrich Schliemann sengen Ausgruewunge bei Troja ass et erwisen, dass d'Ilias e wierkleche Fong huet. Bei der Odyssee as dat ganz anescht. Wou déi sech ofgespillt huet as ëmstridden. De Geograph Erasthotenes huet sech schonn am 3. Joerhonnert driwwer lëschteg gemat, fir d'Originalplazen eraus wëllen ze fannen. Anerer, wéi den Herodot hunn et awer probéiert. Ausser do, wou den Auteur reel Plaze genannt huet, Thrakien, Kap Malea, Kathera an Ithaka bleiwe Spekulatiounen.
[Änneren] Wéi ass den Text iwwerliwwert ginn?
D'Iwwerliwerung vum Text, esou wéi den Odysseedichter en um Enn vum 8. Joerhonnert v. Chr. geschriwwen hat, ass och fir déi antik Welt net sécher. Et läit no, dass et scho kuerz no der Redaktioun muneech Kopien am Emlaf waren.
Dat huet sech eréischt geännert no der Grënnung vun der Bibliothéik vun Alexandria duerch den Ptolemaios I. Soter am Joer 288 v. Chr. Di Geléierten Zenodot vun Ephesus, Aristophanes vu Byzanz an virun allen den Aristarchos vu Samothrake, hunn durch Vergläicher und textkritesch Methoden kanonesch Versiounen vun deenen zwéin Texter zesummegestallt. Zu deenen eelsten Textzeie gehéieren de Londoner Homer-Papyrus aus der éischter Halschënt vum zweeten an de Berliner Homer-Papyrus aus dem drëtte Joerhonnert.
Dat eelste Manuskript, dat et vum ganzen Homer gëtt, gouf am Byzanz vum 12. Joerhonnert geschriwwen. Inkunabelen, Eischtdréck vun der Odyssee stamen aus dem 16. Joerhonnert.
[Änneren] Literaresch Beaarbechtungen
Schonn de réimeschen Dichter Vergil huet déi Zort vu Geschichten weidergefouert. An der Aeneis, dem réimeschen Nationalepos, erzielt hien d'Schicksal vum trojaneschen Held Aeneas, den sech an der ganzer "Welt" erëmdreift, ier en an Italien kënnt an do zum mytheschen Papp vun de Réimer get.
Aflëss vun der Odyssee sin och an den arabeschen Mäerercher vum Sindbad dem Mierfuerer erëmzeerkennen.
D'Figur vum Odysseus as vu munnech engem Dichter als "Prototyp" vum Mënsch u sech verstane ginn. Fiirwezeg, emmer op der Sich fir eppes bäizeléieren a fir Geforen z'iwwerwannen. Op déi aner Manéier muss en sech géint d'Natur stäipen a sech géint d'Götter behaapten. Esou as den Odysseus e Virbild fir di sëllechen "Helden", déi sech an alle Geforen duerchschloe mussen. Dem Jules Verne säin Kapitän Nemo (lëtz.: "Keen") as dat kloerste Beispil.
Mat de bekannteste Fall as dem James Joyce säi Roman Ulysses (englesch fir Odysseus). An deem geet Rieds vum Annoncevendeur Leopold Bloom, deen de 16. Juni 1904 duerch Dublin trëppelt an dobäi allerhand Banales erlieft a spéit owes heem bei seng Fra Molly geet. Dat ganzt Buch as opgebaut wéi dem Homer säi Klassiker. Et as ee vun deene wichtegste Romanen vum 20. Joerhonnert.
Nom 2. Weltkrich hunn Auteuren an Däitschland d'Thema Odysseus an hir "Heimkehrerdramen" agebaut. Dee bekannteste Fall as dem Wolfgang Borchert säi Stéck Draußen vor der Tür.
Am Shakespeare sengem Wierk Troilus and Cressida (1602) fanne mer se all erëm: De Priam, den Hector, de Paris, Achilles, Nestor, Diomedes an d'Cressida, d’Duechtere vum Palchas. "Wit would be out of fashion".
Am Dante Alighieri senger Divina Commedia fanne mer eisen Held an der Häll erëm. De Vergil féiert den Dante an de Lieser uechtert d'Häll. Am 26. Gesank fanne mer den Odysseus : "In der Flamme büssen Odysseus und Diomedes, und sie müssen zur Strafe wie zum Hass gemeinsam laufen. Und in der Flamme müssen sie beklagen. Die Hinterlist des Pferdes, das die Pforte geöffnet für die Römer edlen Samen."
Dem Bertolt Brecht säin Eenakter Der Fischzug (geschriwwen 1919/20) gräift den 8. Gesank aus der Odyssee op. Beim Homer erwëscht den Hephaistos seng Fra Aphrodite mat dem Ares, dem Krichsgott, an hien helt se an engem Netz gefangen.
Am Die heilige Johanna der Schlachthöfe mecht de Brecht eng Uspillung un den hannerlëschtegen Odysseus. Do set de Cridle: "So lange musst du noch dein Gehirn, das listenreiche, üben."
[Änneren] D'Odyssee an der Oper an am Film
Och Operekomponisten hu sech beim Homer zervéiert. Den "Erfinder" vun der Oper, de Claudio Monteverdi huet mat Il ritorno d'Ulisse in patria (Den Odysseus kënnt a säin Heemechtsland erëm) , déi 1640 zu Venedeg uropgefouert gouf, d'Zopp nees opgesat. Den Georg Friedrich Händel behandelt dem Odysseus säi Liewen virun dem trojanesche Krich a senger leschter Oper Deidamia. D'Haaptroll an dem Gabriel Fauré senger Oper Penelope spillt dem Odysseus seng Fra. E besse méi rezent sinn dem Luigi Dallapiccola seng Ulisse (Uropféierung 1968 zu Berlin) an dem Klaus Michael Arp seng Odysseus auf Ogygia (1988 zu Koblenz).
De Film huet sech natierlech dat Thema net laanscht d'Nues goe gelooss. De Fritz Lang huet di éischte Fassung ugefaang, mee de Film as ni fäerdeg ginn. De Mario Camerini an de Mario Bava hun 1954 de Monumentalfilm Ulisse (Die Fahrten des Odysseus) mat dem Kirk Douglas gedréit.
Du koum de Stanley Kubrick, dee mam Science-Fiction Klassiker 2001. A Space Odyssey dem Homer säin Text méi eegewëlleg ugepakt huet. Säi Film erzielt den Epos net chronologesch. Nodeems den Urmensch eng Waff entdeckt huet, mat deeër hien anerer doutschloe kann, geet et op eng Rees durch d'Zäiten. Heiandsdo begéint de Mënsch engem mysteriéise Steen, engem Monolyth deen, genau wéi d'Sirene beim Homer, e lackelegt Summe vu sech gin. De Film stellt och e Computer HAL mat engem A vir, den sech géint d'Menschen wëll duerchsetzen. Awer den Held brengt et fäerdeg, fir de Computer ze "blenden", hien baut dem HAL seng Komponenten aus. De Numm vum Astronaut Dave Bowman (de Man mam Bou) weist natiirlech op den Odysseus als trainéierten Bou-Schéisser hin. Dem Monolyth säi Sirenegesank, aus dem Dréibuch geet folgendermoossen: ".. when the sound begins. It is quite soft, and it stops them in their tracks, so that they stand paralyzed on the trail with their jaws hanging. A simple, maddeningly repetitious rhythm pulses out of the crystal cube and hypnotises all who come within its spell."
[Änneren] Editiounen
[Änneren] Däitsch Editiounen
[Änneren] Franséisch Editiounen
- Iliade - Odyssée, 1955, Bibliothèque de la Pléiade, Paräis, Gallimarc. D'Odyssee gouf iwwersat vum Victor Bérard, deen och d'Umierkunge geschriwwen huet. Eng kommentéiert Editioun a gewinnter Pléiade-Qualitéit.
[Änneren] Engleschsproocheg Editiounen
[Änneren] Zweesproocheg Editiounen
[Änneren] Online Editiounen
- Griichesch: Homer: The Odyssey. Cambridge, MA. 1919.
- Englesch: Iwwersetzung vum A.T. Murray, 1919
- Däitsch: d'Iwwersetzung vum Johann Heinrich Voß opDigBib.Org an opgutenberg.spiegel.de am Projekt Gutenberg-DE
[Änneren] Literatur zum Thema
[Änneren] Links
[Änneren] Intern
- Odysseus
- Trojanesche Krich
- Ilias
- Trojanescht Päerd