Varadero
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Varadero ass eng Stad un der Nordküst vu Kuba a läit an der Provënz Matanzas.
D'Plage vu Varadero ass mat séngen 12 km Längt, déi gréisste Plage vu Kuba.
Varadero ass en Touristenuert a séng Hoteller, Restauranten, Baren an Discoen verdeele sëch op enger Längt vun 19 km iwwert d'Hallefinsel Hicaco.
Ganz am Ufank, am Joer 1887 war Varadero e kléngt Duerf, vun deem haut nach just wéinig ze gesinn ass, wéi z.B. d'Kirch Elvira oder e 500 Joer ale Risekaktus un der Punta del Rincón Francés.
[Änneren] Kuckeswäertes
- Retiro Josone, e schéin ugeluegte Park mat engem kënschtlesch ugeluegtem Séi
- Cueva de Ambrosio, eng Hiel, déi 1962 entdeckt gouf, an deeër nach gutt erhaalen alamerikanesch Fielsenzeechnunge sinn
- Museo Municipal